
E Méindeg wäert de Steve Witkoff sech da mat den europäesche Staats- a Regierungscheffen treffen, esou wéi och dem ukrainesche President Selenskyj an de Vertrieder vun der EU an der Nato. D’USA ënnert dem President Trump dränge jo op e Plang fir en Enn vum russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain. Déi europäesch Alliéiert fäerten awer, datt en Accord ze vill favorabel fir Russland kéint ausfalen.
Virum Treffe mat de Vertrieder vun der EU an der Nato gesi sech den däitsche Bundeskanzler Merz an den ukrainesche President Selenskyj e Méindeg, fir iwwer den Handel tëscht Däitschland an der Ukrain ze schwätzen, grad ewéi dem Stand vun de Friddensverhandlungen. E Méindeg den Owend da géinge “sëllegen europäesch Staats- a Regierungscheff souwéi d’Spëtze vun EU an Nato zu de Gespréicher bäistoussen”.
De Friedrich Merz hat d’Entrevue zu Berlin scho virdrun an Aussiicht gestallt. Deemno sollten d’Gespréicher an der däitscher Haaptstad no Berodungen um Weekend gefouert ginn, bei deenen d’Usätz fir en Enn vum Ukrain-Krich “ofschléissend” diskutéiert sollte ginn. D’US-Regierung hat bis zulescht oppe gelooss, ob si sech géing un där Phas vun der Gespréicher bedeelege wéilt. Mam Witkoff soll elo e Vertraute vum US-President Trump op Berlin kommen, deen déi lescht Woch de Kreml-Chef Putin fir Gespréicher getraff hat. En Duerchbroch war dobäi allerdéngs net erreecht ginn.
D’USA hate viru gutt dräi Wochen e Plang fir en Enn vum Krich virgeluecht, deen a senger ursprénglecher Fassung als immens Moskau-frëndlech gegollt huet. Op Drock vun der Ukrain an hiren Alliéierten hin gouf de Plang an zentrale Punkten iwwerschafft. E Mëttwoch den Owend dunn hat d’Ukrain eng nei Fassung u Washington geschéckt, en Donneschdeg hat de Selenskyj sech doropshin zum aktuelle Verhandlungsstand geäussert. Deemno géingen d’USA d’Ukrain weiderhin dozou drängen, Terrain u Russland ofzeginn. Zu der Regioun Donezk sot de Selenskyj, de Virstellunge vu Washington no soll eng “fräi Wirtschaftszon” am Deelgebitt entstoen, dat aktuell ënner ukrainescher Kontroll stéing.
Aus Verhandlungskreesser huet et e Freideg iwwerdeem geheescht, datt dem Entworf no e Bäitrëtt vun der Ukrain an d’EU scho vu Januar 2027 u virgesi wier. “Dat ass festgeluecht, mä et ass Verhandlungssaach, an d’Amerikaner sinn dofir”, sot en héichrangege Vertrieder vun den Negociateuren. Zu Bréissel gëtt e séiere Bäitrëtt fir onwarscheinlech gehalen. “2027, dat ass muer”, esou e Vertrieder vun der EU. De Prozess fir e Bäitrëtt an d’Europäesch Unioun ass an der Reegel immens laangwiereg. D’EU-Kommissärin Marta Kos hält e Bäitrëtt vun der Ukrain fir fréistens 2030 méiglech. “Wéi wann d’Amerikaner fir eis decidéiere géingen”, sot en europäeschen Diplomat. “Dat ass Quatsch: Et brauch e Wëlle fir d’Erweiderung an dee gëtt et net.”
D’Sue vun der Russescher Zentralbank an der EU kënnen iwwerdeems elo permanent agefruer bleiwen. Dofir hu bal all d’Memberlänner gestëmmt, ausser Ungarn an d’Slowakei. Bis ewell huet dës Sanktioun all sechs Méint misse verlängert ginn. D’EU wëllt dëst russescht Verméige méiglecherweis benotzen, fir der Ukrain e Kredit fir den Neesopbau nom Krich ze garantéieren. Dat ass awer nach net decidéiert ginn an do dierften d’Friddensverhandlunge sécherlech och eng Roll spillen.