Politeschen Drock net zouloossenUS-Pharmaentreprise engagéiere sech, Impfungen net ze fréi erauszebréngen

RTL Lëtzebuerg
Domadder wëll ee sech géint e méigleche politeschen Drock, fir d'Medikamenter éischter an den Ëmlaf ze bréngen, wieren.

Eng Rei Pharmaentreprisë sollen am gaange sinn, zesummen eng ëffentlech Verflichtung auszeschaffen, déi si engagéiert, héich Sécherheetsstandarde bei der Entwécklung vu Coronavirus-Impfstoffer anzehalen. Fir déi Vaccinen, déi a Fro kommen, dierft eréischt eng Demande gemaach ginn, fir dës op de Marché ze bréngen, wann dës och sécher géife wierken, heescht et an engem Artikel vum Wall Street Journal. Bei de klineschen Etüden an der Produktioun sollten iwwerdeems héich wëssenschaftlech an ethesch Standarden applizéiert ginn. D’Konzerner, zu deenen ënnert anerem Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna gehéieren, kéinten hiert Engagement schonn déi nächst Woch publizéieren.

An der Course fir e Vaccin géint de Coronavirus ze fannen, ware rezent ëmmer méi Bedenken opkomm, dass de politeschen Drock virun de Presidentschaftswalen an den USA am November kéint ze grouss ginn an op Käschte vun der Sécherheet kéint goen. Experte ginn iwwerdeems dovun aus, dass et nach bis Mëtt nächst Joer kéint daueren, bis genuch Donnéeë géife virleien, déi d’Sécherheet vun engem Vaccin kéinte beweisen.

Back to Top
CIM LOGO