
Dem Donald Trump no misst den US-President Immunitéit hunn, fir schwéier Decisiounen treffen ze kënnen. Dëst wier méi wichteg, wéi d’Gefor, déi vum President ausgeet, wann hie Reegele brécht. “E President vun de Vereenegte Staaten soll eng vollstänneg Immunitéit hunn, soss ka si oder hien hiert/säin Amt net richteg ausüben”, huet den Trump op der Plattform “Truth social” geschriwwen. Dës Immunitéit misst fir all d’Dote gëllen, och fir déi, déi iwwert déi Rout Linn erausginn, esou de Republikaner weider.
Den Donald Trump huet aktuell bei de Republikaner déi bescht Chancen, fir géint den aktuelle President vun den Demokraten Joe Biden unzetrieden. Ma an dësem Joer, dem Joer vun de Presidentiellen, lafe véier Geriichtsaffäre géint de Milliardär. Dem Trump seng Affekoten hunn awer bis ewell als Strategie vun der Defense, datt hire Mandat “absolutt Immunitéit” genéisst an net fir déi Handlunge strofrechtlech verfollegt dierf ginn, déi a seng Amtszäit gefall sinn.
Ufank Dezember hat d’Riichterin Tanya Chutkam d’Immunitéit vum Trump zeréckgewisen, well et kee Gesetz géif ginn, wat en Ex-President viru strofrechtleche Poursuitte géif schützen. Géint dës Decisioun ass dem Trump seng Ekipp an Appell gaangen. Ma och um Appellsgeriicht gesäit een d’Argumentatioun vum Trump skeptesch. Sollt hien och hei verléieren, bleift him just nach de Schratt virun den ieweschte Geriichtshaff.
Den Ufank vum Prozess géint den Trump virun engem Bundesgeriicht wéinst Walmanipulatiounsvirwërf ass aktuell op de 4. Mäerz geluecht a fält domadder matten an d’Zäit vun de Virwalen. De Prozess kann awer, sollt d’Fro vun der Immunitéit net gekläert sinn, net ufänken. Dowéinst ass nach net kloer, ob un dësem Datum ka festgehale ginn.