
Den US-President huet e Walkampfoptrëtt zu Las Vegas misste wéinst enger Corona-Infektioun ofsoen, nodeem hie positiv op Corona getest gouf. Hie selwer géif sech gutt spieren, heescht et vu Washington, ma hie géif zeréck a seng Heemechtsstad Delaware fléien, fir sech do ze isoléieren. Hie géif och weider aus der Distanz d’Geschäfter vun den USA leeden.
Vu sengem Dokter heescht et, datt den Joe Biden e Mëttwoch den Owend bei hie komm wier mat verschiddenen Symptomer. Et gouf e PCR-Test gemaach an den US-President hätt och eng Dosis vum Covid-Medikament Paxlovid kritt. Déi leschte Kéier, datt den 81 Joer ale Demokrat Covid hat, war viru ronn zwee Joer. Och deemools gouf hie mat Paxlovid behandelt.
Wéinst sengem Alter gehéiert den Joe Biden zu der Risikogrupp. Säi Gesondheetszoustand ass och scho méi laang en Haaptthema am Walkampf vun den US-Presidentiellen.
Dëst ass wuel och e Grond, wisou sech ëmmer méi Demokraten an antëscht och därer aus de Spëtzepositioune vum Joe Biden distanzéieren an den US-President opfuerderen, keng zweete Kéier un de Presidentiellen deelzehuelen. Den Deputéierten Adam Schiff, deen als enke Beroder vum Nancy Pelosi gëllt, awer och carrement de Leader vum Senat Chuck Schumer an och den demokratesche Fraktiounschef am Representantenhaus Hakeem Jeffries stinn net méi hannert dem President senger Kandidatur.