
Den US-President Trump huet de Bau vun enger neier Klass vu Krichsschëffer fir d’US-Marinn annoncéiert. D’Schëffer vun der “Trump"-Klass hätten eng Verdrängung vun 30.000 bis 40.000 Tonnen a géinge mat Waffen a Rakéiten ekipéiert ginn, sot den Trump e Méindeg bei enger Pressekonferenz a sengem Haus zu Mar-a-Lago a Florida a Presenz vum Verdeedegungsminister Pete Hegseth, dem Ausseminister Marco Rubio an dem Staatssekretär John Pelan.
D’Schëffer wäerten domat erhieflech méi grouss gi wéi déi aktuell Krichsschëffer vun der US-Marinn, mä méi kleng wéi déi vun der Klass “Iowa”, déi bis an d'90er Joren am Déngscht waren. Virop sollen zwee nei Krichsschëffer gebaut ginn. D’Zuel soll méi spéit awer “séier” op zéng a schlussendlech 20 bis 25 klammen. Den Trump rechent mat enger Bauzäit vun “ongeféier zweeanenhalleft Joer” fir déi éischt zwee Schëffer.
“All eenzelt vun hinne wäert dat gréisst Krichsschëff an der Geschicht vun eisem Land ginn - a souguer vun der Welt”, sot den Trump op der Pressekonferenz.
Nieft Kanounen a Rakéite sollen d’Schëffer och nach net entwéckelte Waffesystemer wéi Lasersystemer an Hyperschallwaffen droe kënnen. Doriwwer eraus kéinte si mat nukleare Marschfluchkierper ekipéiert ginn.
D’Annonce vun den neie Schëffer geschitt am Kontext vun der Konkurrenz tëscht den USA a China. Peking hat seng Marinn an de leschte Jore massiv ausgebaut a fir d’lescht säin drëtte Fligertransporter an Déngscht gestallt. Den Donald Trump dementéiert awer, datt d’Entwécklung vun der “Trump"-Klass sech géint China riichte soll. “Dat ass net wéinst China - mir verstinn eis ganz gutt mat China”, esou den US-President.
Donieft huet hien erkläert, datt hie sech perséinlech an d’Gestaltung vun de Schëffer wéilt abréngen. “Ech sinn ee mat engem staarke Sënn fir Ästhetik”, sot den Trump. An der Vergaangenheet hat den US-President widderhuelt den Design vu modernen US-Krichsschëffer kritiséiert.