
“Wat huet ee schonn ze verléieren?”, sou de President virun der Press. Et wier gutt méiglech, dass d’Medikament eppes bewierke géif, betount den Donald Trump weider. Schonn an der Vergaangenheet huet hie vill vum Anti-Malaria-Mëttel gehalen.
Experten an der EU dogéint gesi kee Beweis, dass et eppes géint Covid-19 hëllefe géif. Am Moment lafen eng Partie Etüden iwwert d’Wierkung vum Medikament Hydroxychloroquine. Ënnert anerem géifen et Niewewierkunge ginn a kann zu Häerzproblemer féieren.