
Déi Ausso kënnt kuerz nodeems den iranesche Staatschef Asli Chamenei den US-President als Verbriecher bezeechent huet an den USA eng Matschold un den Demonstratioune ginn huet. Den iranesche Parquet huet iwwerdeems dem Trump seng Ausso, datt et keng Exekutioune wäert ginn, dementéiert.
Ma net just den Trump, och den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi hat rezent an engem Interview gesot, datt keng Exekutioune geplangt wieren. Den Ali Chamenei huet e Samschdeg awer gesot, et géing een deenen, déi fir Onrou suergen, de Réck briechen.
Am Iran gëtt et zanter ronn dräi Woche Massendemonstratioune géint de Regime. Dobäi solle bis elo Dausende Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. Wéi d’Situatioun am Iran genee ausgesäit, ass schwéier ze soen, well den Internet an den Telefonsreseau guer net funktionéieren oder op mannst massiv ageschränkt sinn.