Wolodymyr Selenskyi weist sech entsatUSA a Russland schléissen Deal iwwer Liwwerung vun Diesel of

AFP, iwwersat vun RTL
Vun US-Säit erhofft ee sech vum Deal eng däitlech Baisse vun den Dieselpräisser.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
© WIN MCNAMEE/Getty Images via AFP

D'USA a Russland hätten en Deal iwwer eng Liwwerung vu grousse Quantitéiten u russeschem Diesel un d'USA an d'Fräiloosse vu groussen Diesel-Quantitéiten um Weltmaart ausgehandelt. Wéi den US-President Trump e Freideg matgedeelt huet, wier hie sech doriwwer mam russesche Staatschef Putin eens ginn.

Russland géif direkt 300.000 Tonnen Diesel un d'USA an un de Weltmarché zur Verfügung stellen, sou den Trump op senger Social-Media-Plattform "Truth Social". Mëtt November sollen dann nach eng Kéier 500.000 Tonnen nokommen a kuerz drop dann nach eng Millioun Tonnen. Weider dräi Millioune sollen dann zur Verfügung gestallt ginn, wann déi russesch Raffinerie-Kapazitéiten et erlaben.

Vun US-Säit erhofft ee sech vum Deal eng däitlech Baisse vun den Dieselpräisser. Dem Donald Trump seng Republikaner sti wéinst den héije Präisser an der Suitte vum Krich am Iran am Virfeld vun den Tëschewalen fir den US-Congress den 3. November ferm ënner Drock.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyi seet sech op Telegram entsat. De Krich géing domat verlängert ginn. Den Deal wier net fair an net éierlech an e wier en Zeeche vu Schwächt. Moskau géing Washington elo nach manner eescht huelen.

Back to Top
CIM LOGO