No déidlecher Attack op ZaldotenUSA gräiffen iwwer 70 Ziler vum IS a Syrien un

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Donald Trump bezeechent d'Operatioun e Freideg als eng "Revanche" fir d'Attack, bei där e leschte Samschdeg zwee US-Zaldoten an en Iwwersetzer ëm d'Liewe koumen.
© US AIR FORCE / AFP

Iwwer 70 Ziler am Zentrum vu Syrien wiere mat Kampffligeren, Helikopteren an Artillerie attackéiert ginn, dat erkläert d’US-Regionalkommando Centcom. Den US-President Donald Trump huet op senger Online-Plattform “Truth Social” geschriwwen, dass wéi annoncéiert “ganz uerg Revanche-Mesuren” géint déi responsabel “mäerderesch Terroriste” géife geholl ginn. Déijéineg, déi US-Bierger attackéiere géifen, géifen “méi haart wéi bis ewell” getraff ginn, heescht et weider.

De Chef vum Pentagon Pete Hegseth huet erkläert, dass et d’Zil vum Militärasaz wier, Waffelager, Infrastrukturen a Kämpfer vum IS z’eliminéieren. Aus Sécherheetskreeser a Syrien heescht et, dass d’Attacken an der Wüst direkt bei der Stad Homs an a ländleche Gebidder bei Rakka an Deir es-Sor ausgefouert goufen.

De syreschen Ausseministère huet sech nach net direkt zu den Attacken e Freideg geäussert, huet allerdéngs op X erkläert, dass d’Land decidéiert wier, den IS. ze bekämpfen a “sécherzestellen, dass den IS keng sécher Flucht-Plazen op syreschem Territoire huet”. D’Land géif dann och iwwerall do, wou den IS eng Menace duerstellt, d’Militärasätz intensivéieren.

D’Lescht Woch e Samschdeg waren Centcom no zwee Zaldoten vun den USA an en Iwwersetzer bei enger Attack vun engem presuméierten IS-Member bei Palmyra ëmbruecht ginn. Et war den éischte Virfall vun dëser Zort, zënter deem de laangjärege President Baschar al-Assad vun der islamistescher HTS-Miliz a sengen Alliéierte am Dezember zejoert gestierzt gouf. Et war och den éischte Virfall zënter deem déi diplomatesch Bezéiungen tëscht Syrien an den USA nees opgeholl goufen.

Back to Top
CIM LOGO