
No hirer neier nationaler Sécherheetsstrategie, hunn d’USA och eng nei Verdeedegungsstrategie verëffentlecht. Aus dem Pabeier vum Pentagon geet ervir, datt d’amerikanesch Arméi hir Alliéiert an Europa an soss enzwousch just nach limitéiert ënnerstëtze wëll. “Well déi US-amerikanesch Arméi sech op d’Verdeedegung vun hirem eegene Gebitt an den indopazifesche Raum konzentréieren, wäerten eis Alliéiert a Partner an anere Regiounen d’Haaptresponsabilitéit fir hir eegen Defense iwwerhuelen”, heescht et am Dokument.
Prioritéit sollen déi bannenzeg Sécherheet, déi “westlech Hemisphär” - wéi et heescht - an d’Ofschreckung géintiwwer China hunn. Dat ass en zimmlech däitleche Revirement an der Strategie vum Pentagon bis elo. Ënnert dem US-President Joe Biden war China zwar wuel als wichtegst Erausfuerderung gesi ginn. Russland awer als eng “akut Menace”. Am neien Dokument heescht et elo, d’Menace duerch Russland wier “nach ëmmer do, awer ze maîtriséieren”. Dat géif och virun allem déi ëstlech Natopartner betreffen.
Latäinamerika steet och ganz uewen op der Agenda. D’USA wéilten sech militäreschen a wirtschaftlechen Zougang zu wichtege Gebidder sécheren, besonnesch de Panamakanal, Grönland an de Golf vu Mexiko, deen d’Trump-Administratioun jo Golf vun Amerika nennt. Fir d’Europäer ass den neie Pabeier alt rëm e Beweis, datt se gutt drun dinn, fir selwer no hirer eegener Defense ze kucken, och wann d’USA weider an der Nato bleiwe wëllen.