Krich am Noen OstenUSA leeën nei Propos fir Wafferou an der Gazasträif vir

RTL Lëtzebuerg
D’USA hunn zu Doha eng nei Propos fir eng Wafferou an der Gazasträif virgeluecht, ma bis elo gëtt et do nach kee konkret Resultat.
E blesséiert Kand mat Iessen am Grapp. D'Foto gouf opgeholl zu Khan Yunis am Süde vun der Gazasträif.
E blesséiert Kand mat Iessen am Grapp. D’Foto gouf opgeholl zu Khan Yunis am Süde vun der Gazasträif.
© AFP/Bashar TALEB

D’nächst Woch soll zu Kairo an Ägypten viru verhandelt ginn. D’Hamas huet eegenen Aussoen no déi “nei Konditiounen” am Ofkommes ëm eng Wafferou zeréckgewisen, ma den amerikanesche President Joe Biden huet verséchert, et wier een nach ni esou no drun un engem Accord gewiescht. Hien huet dann och all d’Parteie gewarnt, d’Verhandlungen net ze ënnergruewen.

D’Hamas selwer war zu Doha net dobäi, an huet d’Gespréicher nëmmen zeréckhalend kommentéiert. Déi missten um “Enn vum Krich”, dem Réckzuch vun der israeelescher Arméi aus der Gazasträif, dem Nei-Opbau, an dem Enn vun der israeelescher Blockad vun der Küst baséieren.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d’Vermëttler iwwerdeems dozou opgeruff, Drock op d’Hamas ze maachen, d’"Prinzippien vum 27. Mee unzehuelen”. Viru ronn dräi Méint war d’Basis vum Accord ausgeschafft ginn a gouf de Parteien virgeluecht.

Back to Top
CIM LOGO