ParäisUSB-Sticke mat Sécherheetspläng fir Olympesch Spiller goufe geklaut

RTL Lëtzebuerg
Eng Posch mat de vertraulechen Donnéeën dra soll e Méindegowend an engem Zuch zu Paräis geklaut gi sinn.
© AFP/File/Bertrand GUAY

Dës huet engem Mataarbechter vun der Paräisser Märei gehéiert, deen de selwechten Owend nach eng Plainte bei der Police deposéiert huet. Nieft sengem Aarbechtscomputer sollen och zwee USB-Sticke geklaut gi sinn, op deenen ënner anerem d’Sécherheetspläng fir d’Olympesch Spiller dëse Summer zu Paräis drop waren, esou d’Police.

Fir d’Olympesch Spiller zu Paräis vum 26. Juli bis den 11. August solle ronn 2.000 Beamten an den Asaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO