
Osram huet elo déi international Zouloossung fir UV-C-Luuchten kritt, Luuchten, déi d’Loft an d’Surfacen extrem effikass entkeime kënnen. Den Asaz a Spideeler zu Wuhan a Peking ënnersträichen zudeem, dass dës Luuchten och extrem gutt géint d’Bekämpfe vum Coronavirus funktionéieren.
A China huet Osram eegenen Aussoen no an der Tëscht eleng 10.000 Luuchten u Spillschoule geliwwert.
D’UV-C HNS Luuchte schaffe mat enger Wellelängt vun 253,7 nm a solle sou Viren a Bakterië mat enger Zouverlässegkeet vun 99,9% desaktivéiere kënnen. Fir Mënsche virun der schiedlecher UV-C-Luucht ze protegéieren, kënnen d’Luuchten vun Osram (AirZing PRO) mat engem Sensor ekipéiert ginn. Dësen Infrarout-Sensor erkennt Persounen, déi an de Raum kommen a schalt dann d’Luucht direkt aus.
Am Zell-Kär vu Mikroorganisme fënnt een Thymin. Dëse chemesche Baudeel vun der DNA absorbéiert UV-C Luucht bei enger Wellelängt vun 253,7 nm a verännert sech dobäi esou staark, dass d’Zell sech net méi reproduzéiere kann an sou och net méi iwwerliewe kann.
UV-C-Luucht ass am Géigesaz zu V-UV-Luucht Ozon-fräi a domadder méi sécher fir de Mënsch. Allerdéngs kann et zu staarke Verännerunge beim Mënsch op der Haut kommen, wann een net richteg domadder ëmgeet.
Fuerscher vum Institut fir Textiltechnik op der RWTH Oochen schaffen am Moment u neie Masken, déi de Coronavirus geziilt dout maachen. D’Léisung soll eng speziell Beschichtung am Mask sinn a gouf eng éischte Kéier e Mëttwoch virgestallt. Hei gouf och mat der “Freien Universität Berlin” zesummegeschafft.
D’Maske selwer hu bannen eng speziell Schicht déi positiv geluede sinn. D’Bausseschicht vum Virus dogéint ass negativ gelueden. Wann d’Zell vum Virus also op dës Surface stéisst, gëtt se einfach zerstéiert. Sou sollen 99,9% vun de Corona-Viren zerstéiert ginn.
Positiv bei deene Masken ass och, dass se méi dacks, wéi just eemol benotzt kënne ginn. D’Fuerscher vun der Universitéit Oochen schwätze vu ronn 200 Asätz, iert een eng nei brauch. A ronn 4 Woche soll déi nei Mask op de Maart kommen.