Europäesch MedikamentenagenceVaccin géint de Coronavirus kéint an engem Joer prett sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Medikamentenagence EMA hält d'Entwécklung vun engem Impfstoff géint de Coronavirus bannent engem Joer fir een optimisteschen Zenario.

Op der ganzer Welt gëtt gefuerscht. Sollt alles lafen ewéi geplangt, da kéinte Vaccinen an engem Joer zougelooss ginn, sou d’Medikamentenagence en Donneschdeg. D’EMA baséiert sech fir des Aussoen op Donnéeë vun Tester, déi den Ament lafen. De Responsabel vun der EMA, de Marco Cavaleri, betount awer, datt dëst den Idealfall wier.

Kloer wier och, datt net all d’Impfstoffer, déi den Ament getest ginn, um Enn och zougelooss ginn. Donieft missten d’Sécherheetstester uerdentlech gemaach ginn. D’EMA wéilt keen Impfstoff ze séier zouloossen oder zum Beispill eng Testphas iwwersprangen, fir éischter eppes an der Hand ze hunn. Datt e Vaccin géint de Coronavirus schonn am September prett wier, gesäit d’EMA éischter skeptesch.

D’EMA relativiséiert och de Pronostic vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO. Déi huet en Donneschdeg erausginn, datt de Coronavirus héchstwarscheinlech net méi verschwanne géif. Fir d’EMA wier et nach ze fréi, esou eppes bekanntzemaachen. Si wiere jiddefalls optimistesch, datt e puer Impfstoffer d’Tester géife packen.

Back to Top
CIM LOGO