Diesel-Affär an Tarif-Verhandlungen7 Leit, déi bei VW an der Chef-Etage waren, musse sech viru Geriicht veräntweren

Joel Detaille
Parallel dozou ass et och den Optakt vun Tarif-Verhandlungen, mat annoncéierte Maniffen.
© JULIAN STRATENSCHULTE/dpa Picture-Alliance via AFP

7 fréier Leit aus der Chef-Etage vu VW sti vun dësem Dënschdeg un zu Braunschweig viru Geriicht. Et ass de mëttlerweil 5. Bedruchsprozess an der sougenannter Diesel-Affär, dat méi wéi 11 Joer nodeems Manipulatioune mat den Ofgas-Wäerter am VW-Grupp opgedeckt gi waren.

Parallel fänke bei VW sougenannt Tarif-Verhandlungen un, an zwar fir méi wéi 120.000 Mataarbechter. Diskussiounen, déi immens schwiereg wäerte ginn. D'lescht Woch hat d'Direktioun schonns hir Fuerderunge public gemaach. Nieft Nullronne bei der Pai hätt een och gär méi laang Aarbechtswochen. D'Gewerkschaft IG-Metall hat dono vun engem Horror-Katalog geschwat, an huet fir dësen Dënschdeg schonn zu Maniffen opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO