Réckfluch op d'Äerd wéinst medezineschem ProbleemVéier Crew-Membere vun der ISS si sécher am Pazifik gelant

AFP, iwwersat vun RTL
Véier Crewmembere vun der internationaler Raumstatioun ISS sinn en Donneschdeg sécher op der Äerd gelant.
D'Kapsel vu Space X beim Ofdocke vun der ISS.
D’Kapsel vu Space X beim Ofdocke vun der ISS.
© -/AFP

Dat nodeems si d’Raumstatioun wéinst gesondheetleche Probleemer bei engem vun hinnen, méi fréi ewéi eigentlech geplangt, hu misse verloossen. Et ass fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der ISS, dass Crewmemberen aus medezinesche Grënn hu missen evakuéiert ginn.

Op engem Video, dee vun der amerikanescher Raumfaart-Agence NASA publizéiert gouf, ass ze gesinn, wéi d’Kapsel vun der US-Raumfaart-Entreprise Space X mat den amerikaneschen Astronaute Mike Fincke a Zena Cardman, dem russesche Kosmonaut Oleg Platonov an dem japaneschen Astronaut Kimiya Yui u Bord kuerz virun 10 Auer mëtteleuropäescher Zäit virun der Küst vu San Diego am Pazifik lant.

Véier Astronaute si sécher vun der ISS zeréck op d'Äerd komm.
D’Raumkapsel mat deene véier u Bord ass en Donneschdeg am Pazifik gelant.

Keng Noutsituatioun

D’NASA wollt keng Detailer zum gesondheetlechen Zoustand vun deem concernéierten Astronaut matdeelen. Et gouf just matgedeelt, dass de Member vun der Crew an engem stabillen Zoustand wier. Hie wier zeréck op d’Äerd bruecht ginn, well et hei méiglech wier, hien am Detail ze ënnersichen.

Depart ronn ee Mount éischter ewéi geduecht

Déi véier Astronaute sinn am August zejoert op der ISS ukomm a sollten eigentlech bis Mëtt Februar u Bord bleiwen. Mam amerikaneschen Astronaut Chris Williams an de russesche Kosmonaute Sergey Kud-Sverchkov a Sergei Mikaev befanne sech aktuell nëmmen nach dräi Persounen op der Statioun. Dat sinn der esou wéineg ewéi zanter Joren net méi. Wéi et dozou vun der NASA heescht, kéinten déi dräi Astronauten den normale Fonctionement vun der ISS oprecht erhalen. Allerdéngs wäerten e puer geplangten Aktivitéite wuel ausfalen, dorënner een Asaz, fir d’Ubrénge vun neie Solarpannele baussen un der Statioun.

Ugangs der nächster Dekad ass Schluss

D’ISS ass zanter dem Joer 2000 op enger Héicht vu ronn 400 Kilometer op Orbit. Zanterdeem ass se permanent vun europäeschen, amerikaneschen, russeschen a japaneschen Astronaute besat. Si maachen hei Recherchen, déi bei der Erfuerschung vum Weltall sollen hëllefen. Ma vun 2030 un wäert d’ISS ausser Betrib goen. Si wäert dann no an no eroffalen, bis se an der Atmosphär wäert verbrennen.

Back to Top
CIM LOGO