Bei Protester festgehollVéier Fotojournalisten an der Tierkei fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
An der Tierkei hu sech véier Journaliste misste viru Geriicht veräntwerten, well hinne reprochéiert gouf, bei engem illegale Protest matgemaach ze hunn.
Den AFP-Fotojournalist Yasin Akgül bei senger Fräiloossung am Mäerz
Den AFP-Fotojournalist Yasin Akgül bei senger Fräiloossung am Mäerz
© AFP/Archiv/Ozan KOSE

Véier tierkesch Journalisten, dorënner ee Fotograf vun der Noriichtenagence AFP, goufe vun engem Geriicht zu Istanbul vum Reproche, bei enger illegaler Demonstratioun matgemaach ze hunn, fräigesprach. Et géing “keng stéchhalteg Basis” fir eng Verurteelung, erkläert d’Geriicht en Donneschdeg. Den AFP-Informatiounsdirekter Phil Chetwynd huet d’Urteel begréisst. Den AFP-Fotograf Yasin Akgül an déi dräi aner Fotojournalisten haten am Mäerz iwwer d’Protester vun der Oppositioun géint déi konservativ-islamesch Regierung vu President Recep Tayyip Erdogan bericht.

De Prozess hätt “d’Medien aschüchtere” sollen, huet de Chetwynd erkläert. “Dëse Fall géint Fotografen, déi hir Aarbecht op de Stroosse vun Istanbul gemaach hunn, hätten ni viru Geriicht bruecht ginn dierfen”, huet hie betount. “Journaliste muss et erlaabt sinn, ongehënnert iwwer Demonstratiounen a Protester ze beriichten.

Dausenden Demonstranten a méi wéi eng Dose Journaliste souwéi Affekote ware wärend der Protestwell festgeholl ginn. De Fotografe gouf reprochéiert, géint d’Demonstratiouns- a Versammlungsgesetz verstouss ze hunn.

Den Akgül ass deen eenzege vun hinnen, dee fir en internationalen Noriichtemedium schafft. Déi dräi aner Journaliste sinn d’Freelancë Bülent Kilic, Ali Onur Tosun vum Sender Now Haber souwéi d’Freelance-Fotografin Zeynep Kuray.

D’Fotografe ware kuerz no hire Meldungen iwwer d’Demonstratiounen an hire jeeweilege Wunnenge festgeholl ginn. No e puer Deeg am Prisong koume si fräi. Wärend dem Prozess sot de Akgül viru Geriicht: “Ech sinn zanter 15 Joer Journalist, awer ni gouf ech bei mir doheem festgeholl, moies fréi, virun den Ae vu menge Kanner.

Zu senger Aarbecht bei den deemolege Protester sot hien: “Ech si virun den Demonstrante gelaf, nieft de Polizisten, fir besser Fotoe maachen ze kënnen.” Säin Affekot hat dozou erkläert, datt säi Client Journalist wier an obwuel hien iwwer d’Demonstratioun bericht huet, géing him reprochéiert, “dorun deelgeholl ze hunn”. “D’Journalisten hunn nëmmen hir Aarbecht gemaach.

Back to Top
CIM LOGO