Iran dreet Israel mat "Bestrofung"Verbal Eskalatioun nom Doud vum Ismail Hanija

RTL Lëtzebuerg
De Chef vum Politbüro vun der Hamas ass bei enger presuméierter israeelescher Attack zu Teheran ëm d'Liewe komm.
Iran dreet Israel mat "Bestrofung"
De Chef vum Politbüro vun der Hamas ass bei enger presuméierter israeelescher Attack zu Teheran ëm d’Liewe komm.

Dat nodeems hie virdrun un der Vereedegung vum neien iranesche President Peseschkian deelgeholl hätt. Wéi et heescht, soll seng Residenz zu Teheran attackéiert gi sinn.

Iwwert déi genee Ëmstänn ginn et bis ewell keng Informatiounen. D’Hamas schwätzt just vun enger zionistescher Attack. Den Hanija hat säin Haaptquartéier an der iranescher Haaptstad.

Net laang dono huet dann och schonn e ranghéije Vertrieder vun der Hamas annoncéiert, dass dëst “net onbeäntwert wäert bleiwen”, a Konsequenzen annoncéiert. De Musa Abu Marsuk, e Member vum Politbüro vun der Hamas, huet e Mëttwoch erkläert, ass d’Ermordung vum Hanija “eng feig Dot” wier.

Änlech negativ Reaktioune koumen och aus der Tierkei a Russland, grad ewéi vum Chef vun der palästinensescher Autonomieautoritéit Mahmoud Abas. An engem Schreiwes vum tierkeschen Ausseministère ass vun engem “onéierenhafte Mord” um politesche Chef vun der Hamas rieds. Déi russesch Autoritéite schwätzen iwwerdeems vun engem “politesche Mord”. Dëse géif riskéieren, den Noen Oste weider ze destabiliséieren. Och de Chef vun der Fatah Mahmoud Abbas huet dat israeelescht Virgoe verurteelt an an deem Kontext vun enger schwéierer Eskalatioun geschwat. Dat palästinensescht Vollek misst sech zesummendinn a “géint déi israeelesch Besatzung virgoen.”

Den ieweschte reliéise Féierer vum Iran, den Ayatollah Ali Chamenei huet iwwerdeems annoncéiert, dass ee sech fir den Doud vum Hanija wäert revanchéieren. Wéi et op sengem Internetsite heescht, hätt de “kriminellen zionistesche Regimm” e Gaascht vum Iran ermort. Dofir soll et eng haart Bestrofung ginn.

Den Iran huet iwwerdeem eng 3 Deeg laang Staatstrauer ausgeruff an en Trauermarsch zu Teheran en Donneschdeg annoncéiert, wéi et vun der Noriichtenagence Irna heescht. Wou den Hamas-Leader begruewe soll ginn, gouf net genannt.

De Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel warnt virun enger Tendenz vu Revanchen am Noen Osten. Hie weist sech besuergt iwwer déi rezent Entwécklungen.

Back to Top
CIM LOGO