Wéinst Bréif vun däitschem Kanzler MerzVerbrenner-Verbuet fir nei Autoen no 2035 kéint gekippt ginn

RTL Lëtzebuerg
Grond fir déi nei Iwwerleeunge vun der EU-Kommissioun wier e Bréif vum däitsche Kanzler Merz un d'Kommissiounspresidentin Von der Leyen.
© AFP/Archiv/Daniel LEAL-OLIVAS

De Verbrenner-Verbuet fir nei Autoen no 2035 kéint gekippt ginn. D’EU-Kommissioun géif driwwer nodenken, all technologesch Entwécklungen ze consideréieren, déi emissiounsaarm sinn. Dat sot de Verkéiers-Kommissär an engem Interview.

Hannergrond wier e Bréif vum Däitsche Kanzler Friedrich Merz un d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, an deem gefuerdert gouf, och weiderhin héicheffizient Verbrenner zouzeloossen.

D’EU hat Ufank 2023 beschloss, datt nei Autoe vun 2035 u kee klimaschiedlechen CO2 méi ausstoussen dierften.

Back to Top
CIM LOGO