Vereenten Natiounen appelléieren u BulgarienVerbuet vu queeren Themen an de Schoule verstéisst géint Mënscherechter

RTL Lëtzebuerg
A Bulgarien ass d'Ännerung vum Gesetz dëse Mount mat enger grousser Majoritéit ugeholl ginn. Rieds geet do vu queerer "Propaganda" an de Schoulen.
© AFP/Nikolay DOYCHINOV

Fir d’Vereenten Natiounen ass esou e Verbuet eng Verschäerfung vun de Mënscherechtsverletzunge géint queer Persounen an et géif de Mobbing an de Schoule verstäerken. Ausserdeem géif et géint d’bulgaresch Verfassung an d’international Mënscherechtstraitéë verstoussen, déi d’Meenungsfräiheet an Net-Diskriminéierung garantéieren.

Ufank dës Mounts gouf d’Gesetzespropos vun der pro-russescher Vazrazhdane-Partei mat 159 Jo- zu 22 Nee-Stëmmen ugeholl. 12 Leit hu sech enthalen. Demonstratioune géint dat neit Gesetz hunn dann och net laang op sech waarde gelooss. Ungarn hat 2021 en änlecht Gesetz erlooss.

Zu Lëtzebuerg hat an de leschte Wochen eng Petitioun fir Opreegung gesuergt, déi en Ausschloss vun LGBTQ+-Theeme bei Mannerjäregen an der Schoul gefuerdert huet. Eng Géigepetitioun gouf kuerz drop lancéiert. Béid Petitiounen hu genuch Stëmme gesammelt, fir an der Chamber diskutéiert ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO