Grousse Policeasaz um Méindeg den OwendVerdächteg 65 Joer al Fra a Spidol zu Oochen isoléiert sech an Zëmmer

RTL Lëtzebuerg
Een Ament war net kloer, wat fir eng Menace vun där Fra ausgeet an ob si arméiert ass. Elo ass mol gewosst, datt si sech an engem Zëmmer isoléiert huet.

Nieft ganz vill Police sinn och Pompjeeën op der Plaz. Et war Dampentwécklung gemellt ginn.

D’Fra war am Nomëtteg am Luisenhospital zu Ooche virstelleg ginn. Séier war kloer, datt vun der Fra eng Menace ausgeet.

Rumeure vu Geiselnam a vu Knupperten am OP-Sall hunn d’Ronn gemaach. Näischt dovunner ass confirméiert, just datt d’Fra sech elo isoléiert hätt an datt d’Police elo de richtegen Ament ofwaart.

Back to Top
CIM LOGO