
E Mann vu 45 Joer gouf e Samschdeg zu Grasse festgeholl. Him gëtt virgehäit, e Mëttwoch eng 23 Joer jonk Fra zu Nice erschoss ze hunn. Hie soll virun enger Zäit eng Relatioun mat der Schwéiermamm vum Affer gehat hunn. Hie war eréischt kuerz virun der Dot aus dem Garde-à-vue komm, well him eng Attack op seng Ex-Frëndin virgeworf gouf.
Déi jonk Mamm wier mat hirem Puppelchen am Auto ënnerwee gewiescht, wéi hie si attackéiert huet. Passéiert ass dat ganzt de leschte Mëttwoch géint 18 Auer op enger Kräizung an der Géigend vun engm Lycée am Oste vun der Stad. De Mann wier mat engem Scooter op d’Héicht vun der Automobilistin gefuer an hätt dann zéng Mol duerch d’Fënster op si geschoss. D’Pompjeeën, déi séier op der Plaz waren, konnte fir d’Fra näischt méi maachen, hunn awer dat siwe Méint aalt Kand a Sécherheet bruecht. De Puppelche war um Bäifuerersëtz mat sengem Stillche fixéiert. Dem klenge Meedche war duerch e klengt Wonner näischt geschitt.
De Verdächtege gouf wéinst dem Verdacht vun engem Mord vum Untersuchungsriichter ënner Uklo gestallt a koum an Untersuchungshaft. Dem Procureur no hätt hie virum Riichter kee Wuert zu der Dot gesot. Duerch seng Festnam sinn awer zwou weider Persounen, déi am Garde-à-vue waren, nees op fräie Fouss komm.