UN-MënscherechtsrotVereenten Natioune stëmme fir eng Suspensioun vu Russland

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg koum d'UN-Vollversammlung zesummen, fir iwwert een temporären Ausschloss vu Russland aus dem UN-Mënscherechtsrot ze decidéieren.
Archivbild.
Archivbild.
© AFP/TIMOTHY A. CLARY

Vu 16 Auer eiser Zäit un hunn d’Memberen vun de Vereenten Natiounen zu New York hir Argumenter vir oder géint d’Resolutioun fir een Ausschloss vu Russland virgedroen. Mat 93 Votten derfir, 24 Votten dergéint an 58 Abstentiounen huet d’Vollversammlung d’Resolutioun fir eng Suspensioun vu Russland ugeholl. Dervir hunn niewt Lëtzebuerg och Däitschland, Frankräich an d’Belsch gestëmmt. Dergéint waren de Belarus, China, Bolivien, Kuba, Nordkorea a Syrien.

D’Resolutioun war vun den USA an Groussbritannien op d’Dagesuerdnung bruecht ginn, nodeems d’Biller vun den Atrocitéiten un ukraineschen Zivilisten zu Butscha den Tour duerch d’Welt gemaach haten. Fir eng Suspendéierung vu Russland am UN-Mënscherechtsrot war eng Zwee-Drëttel-Majoritéit vun den 193 UN-Memberlänner néideg.

Am UN-Mënscherechtsrot zu Genf sinn 47 Länner vertrueden, déi vun der UN-Vollversammlung fir jeeweils dräi Joer gewielt ginn. Russland ass nach bis 2023 Member. An der Theorie bléift Russland och bis 2023 weider Member - d’Land dierf awer net méi u Sëtzungen deelhuelen.

2011 war Libyen vun der UN-Vollversammlung vum Mënschrechtsrot zu Genf suspendéiert ginn, dat wéinst Gewalt un der Populatioun duerch de Gaddafi-Regime. Deemools war de Vott eestëmmeg gefall.

Back to Top
CIM LOGO