
Dorënner ënner anerem d’Waardezäit fir Sozialleeschtunge fir Awanderer aus Drëttstaaten an déi méi héich Hürde fir d’Nokomme vu Familljememberen.
Am ganze wieren op d’mannst 3 Artikele vum Gesetz op d’mannst deelweis net konform mat der franséischer Verfassung, huet et en Donneschdeg vum Verfassungsrot geheescht. Vun de 86 Artikel, déi am Gesetz stinn, hätten der 30 näischt mam ursprénglechen Zil vum Text ze dinn.
De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet iwwerdeems op Twitter betount, dass de Verfassungsrot alleguer d’Artikele vum Gesetz, ewéi et a senger ursprénglecher Form vun der Regierung proposéiert gouf, validéiert hätt. D’Regierung géif zur Kenntnis huelen, dass vill Artikelen, déi vum Parlament bei d’Gesetz bäigefüügt goufen, refuséiert gi wieren.
Déi franséisch Regierung ënnert dem President Emmanuel Macron hat d’Gesetz nëmme mat de Stëmme vun de Rietspopulisten duerch d’Parlament kritt, nodeems et däitlech verschäerft gouf. Den Emmanuel Macron hat bei der ursprénglecher Versoun vum Gesetz annoncéiert, dass et d’Zil vun dësem wier, d’Ausweisung vun ofgeleenten Asyldemandeuren ze erliichteren an dofir ze suergen, dass Migranten ouni Aarbecht besser kéinten a Frankräich integréiert ginn.