
Ënnert anerem soll bei de Verhandlungen de Chef vum US-Auslandsgeheimdéngscht, de William Burns, dobäi sinn.
Den israeelesche Regierungschef Netanjahu huet iwwerdeem confirméiert, datt säi Land eng Delegatioun schécke géing.
D’Palästinenserorganisatioun Hamas wäert net vertruede sinn, huet awer schonn ugekënnegt, sech dono wëllen iwwert déi beschwat Punkten z’informéieren. Palästinenseschen Informatiounen no géing d’Hamas de Point de vue, datt Israel soll “entweder kommen, fir (en Ofkommes) ofzeschléissen oder guer net kommen”.
Zanter Méint probéieren d’Vermëttler-Länner USA, Ägypten a Katar eng nei Wafferou tëscht Israel an der Hamas z’erreechen. D’Negociatioune kommen awer net wierklech virun, well béid Krichsparteien ëmmer nees nei Fuerderunge stellen an déi géigesäiteg Attacken d’Gespréicher op béide Säite schwéier maachen.