
De Gom van Striem, dee vum Wilders als Vermëttler bei de Gespréicher beoptraagt gouf, huet säi Récktrëtt annoncéiert, nodeems Medien iwwer Bedruchsreprochen a senger fréierer Firma bericht hunn. D’”Onrouen” ronderëm d’Meldungen an d’Zäit, déi gebrauch gëtt, fir anstänneg dorop ze reagéieren, “passen net zu menger Aarbecht” als Vermëttler, erkläert de van Striem.
Dowéinst hätt hien dem Wilders an dem Parlamentspresident seng Demissioun matgedeelt, heescht et vum Senator vun der PVV-Partei. De van Striem hätt sollte mat formale Gespréicher fir eng Koalitioun ufänken an d’Parteispëtzten treffen.