
An Ungarn ass nämlech elo en Dekreet a Kraaft getrueden, dat verschiddene Flüchtlingen hiert Recht op Schutz oferkennt.
D’Regierung zu Budapest seet, dass just ronn d’Hallschent vun den ukrainesche Regioune vum Krich affektéiert wieren. Op den anere Plaze géif d’Liewen normal lafen. Dofir goufen der ONG “Migration Aid” no schonn ukrainesch Refugiéen opgefuerdert, hir Nout-Hebergementer ze verloossen an heemzegoen.
Der Noriichtenagence AFP no hätten zu Kocs, nërdlech vu Budapest, eng 120 Leit, haaptsächlech Fraen a Kanner, ënnert dem Bléck vun der ungarescher Police hir Wunnenge verlooss. U sech falen Ukrainer, déi no der russescher Invasioun hiert Land verlooss hunn, jo ënnert e speziellen EU-Schutz-Mechanissem.
Ungarn hat bis ewell awer souwisou schonn däitlech manner Leit bei sech opgeholl wéi aner EU-Länner an de Premier Viktor Orban huet trotz vill Kritik weider enk Bezéiungen zu Moskau.