HongkongVill Tensiounen ronderëm d'Commemoratioun vum Tiananmen-Massaker

RTL Lëtzebuerg
A China duerf ee mol net vun dësem Dag schwätzen, ma zu Hongkong gouf deen Dag ëmmer commemoréiert. Dëst Joer gouf d'Gedenkzeremonie annuléiert.
Commemoratioun vum Tiananmen-Massaker
A China duerf ee mol net vun dësem Dag schwätzen, ma zu Hongkong gouf deen Dag ëmmer commemoréiert. Dëst Joer gouf d’Gedenkzeremonie awer annuléiert.

An awer hu sech Dausenden op d’Strooss getraut. D’Police vun Hongkong mellt vill Arrestatiounen, wou schwaarz ugedoe Manifestanten d’Stroosse blockéiert hätten. Och d’Barrière ronderëm de Victoria Park, wou d’Zeremonie normalerweis ass, goufe vun Hongkonger ofgerappt an d’Bierger hu sech awer op dëser Plaz an och op Futtballterraine versammelt. Donieft hu si prodemokratesch Slogane geruff, fir géint nees géint den Afloss vu China ze protestéieren.

Fir d’éischte Kéier ass d’Commemoratioun zu Hongkong offiziell ofgesot, de chineseschen Autoritéiten no wéinst dem Coronavirus, well grouss Rassemblementer verbuede sinn. Ma d’Organisateure vun Hongkong soen, et wier eng politesch Decisioun, fir déi quasi autonom Zon ze ënnerdrécken.

D’Organisateuren ruffen d’Leit dozou op wäiss Käerzen um 8 Auer owes unzemaachen an esou un d’Affer ze denken.

© AFP

31 Joer sinn et hier, datt zu Peking op der Tiananmen-Plaz Manifestante brutal néiergeschloen hunn. Domadder sinn 1989 d’Protester vun enger Studentebeweegung op een Enn gaangen, déi fir méi Demokratie protestéiert huet.

Demonstranten um Tiananmen-Platz den 2. Juni 1989
Demonstranten um Tiananmen-Platz den 2. Juni 1989
© AFP

Fir d’Hongkonger ass et wichteg, un dëst Massaker ze gedenken, well d’Feier ass och een Zeeche géint déi, fir si, ze grouss Muecht vu Peking. An déi ass dëst Joer ee wichtegt Thema a suergt fir vill Tensiounen.

Zënter dem Summer 2019, kuerz no den Tiananmen-Commemoratioune vun zejoert, gëtt zu Hongkong protestéiert. Dat géint de Pouvoir a China, deen ëmmer méi Afloss op Hongkong wëll. Enn Mee gouf en plus neit Gesetz annoncéiert, déi den Hongkonger no déi hallef Autonomie vun hirer Zon a Gefor brénge géif.

Back to Top
CIM LOGO