D’Villa vum CEO vun der Softwarefirma OpenAI, dem Sam Altman gouf e Freideg zu San Francisco vun engem Molotowcocktail getraff. Dat huet e Spriecher vun OpenAI der Noriichtenagence AFP confirméiert. De presuméierten Täter hätt ausserdeem gedreet, de Siège vun OpenAI a Brand ze stiechen.
D’Police vu San Francisco huet schliisslech ee Verdächtegen an der Géigend vum Siège vun der Softwarefirma festgeholl.
Et gouf keng Blesséierter bei der Attack.