Wéinst der PandemieVirgin Atlantic freet Faillite un an den USA

RTL Lëtzebuerg
D'Fluchgesellschaft vum Richard Branson, déi a Groussbritannie baséiert ass, huet en Dënschdeg zu New York de Faillite-Status ugefrot.

Virgin Atlantic war net immun géint d’Corona-Pandemie. Am Juli hate si scho vun engem Relance-Plang vun 1,5 Milliarden US-Dollar profitéiert, e puer Deeg ier d’Firma erëm Passagéier transportéiere sollt. Grond fir d’Faillite wieren eng Rëtsch Faktoren. Haaptsächlech hätten d’Clientë kee Vertraue méi, Aarbechtsreese wieren zanter dem Ufank vun der Pandemie staark erofgaangen an d’Hausse vun den Zuelen an den USA hätt dozou bäigedroen, dass Virgin Atlantic an den USA net méi rentabel ass.

De Plang fir d’Rekapitalisatioun no der Erklärung vun der Faillite kéint bis zu 18 Méint daueren.

Global soll de Lofttrafic eréischt 2024 erëm normal sinn, sou d’International Air Transport Association, déi 290 Fluchgesellschaften representéiert. Bis dohin kéinten eng Rëtsch aner Fluchgesellschaften dee selwechten Wee wéi Virgin Atlantic aschloen.

Back to Top
CIM LOGO