
An och d’Zuel vun Doudesaffer un de Suitten vu Covid-19 ass mat knapps 1.200 nees ferme an d’Luucht gaangen.
Den Dr. Anthony Fauci, ee vun den Haapt-Memberen an der Krisen-Cellule vun der US-Regierung, huet ëffentlech gewarnt, dass een dervun misst ausgoen, dass bis zu 100.000 Nei-Infektiounen den Dag dra wieren, wann net elo géif massiv géige-gesteiert ginn.
Op ville Plazen an den USA gëlle weiderhi quasi keng Distanz- oder Mask-Reegelen.
