
D’Kamala Harris an den Tim Walz waren zesummen op engem Walkampfevenement op der Temple University. Dobäi stoung de Walz natierlech am Fokus, nodeems seng Nominatioun als Kandidat fir méigleche Vize-President ze ginn, eréischt e puer Stonnen virdrun erauskoum.
De 60 Joer ale Gouverneur vu Minnesota hätt ëmmer d’Gewerkschaften ënnerstëtzt, wier fir méi strikt Waffegesetzer, an e liberaalt Recht op Ofdreiwung. Alles dat, woufir d’Republikaner net stéingen.
De Walz selwer huet dann och direkt den Donald Trump attackéiert. Et wier e Mann, deen de Geck mat Recht an Uerdnung géif maachen a Chaos géif séinen. Säin Zil wier et, ze splécken, net ze eenegen. “Den Donald Trump - hie gesäit d’Welt anescht. Hie weess net dat Geréngst doriwwer, (der Natioun) ze déngen, well hien ze vill domat beschäftegt ass, sech selwer ze déngen”, sot Walz viru ronn 10.000 Leit. Doriwwer eraus hätt de Republikaner d’US-Ekonomie an de Ruin gedriwwen an d’Gewaltverbrieche wieren ënnert him geklommen. An do wieren d’Verbrieche vun him selwer Mol nach net matgezielt.
D’Kamala Harris huet iwwerdeem betount, datt hir Campagne “net just e Kampf géint den Donald Trump” wier, mä “e Kampf fir d’Zukunft”. “Mir kämpfe fir eng Zukunft, an där mir eis grondleeënd Fräiheete verdeedegen”, sot déi 59 Joer al Demokratin. Si hätt sech op d’Sich no engem Partner gemaach, deen dobäi hëllefe kéint, dës besser Zukunft opzebauen.
RTL-News: Tim Walz Kandidat fir US-Vize-President: Wien ass déi nei riets Hand vum Kamala Harris?