Israel an d'Hamas si sech eensWafferou vu véier Deeg an der Gazasträif decidéiert

RTL Lëtzebuerg
Katar huet e Mëttwoch de Moien annoncéiert, dass Israel an d'Hamas sech op eng Wafferou vu véier Deeg gëeenegt hunn.
© AHMAD GHARABLI AFP

Béid Säiten hu sech op en Deal gëeenegt, dee virgesäit, dass d’Hamas op d’mannst 50 Geisele fräiléisst, haaptsächlech Fraen a Kanner. Am Géigenzuch soll Israel 150 palästinensesch Fraen a Kanner aus dem Prisong fräiloossen.

Iwwerdeems soll véier Deeg laang net gekämpft ginn. Den Ufank vun der Wafferou soll bannent den nächste 24 Stonnen annoncéiert ginn. Wärend der Zäit, an där net gekämpft gëtt, sollen dem Katar no gréisser Quantitéiten un humanitäre Gidder an d’Gazasträif bruecht ginn, dorënner och Pëtrol fir Generatoren.

D’Wafferou kéint och verlängert ginn, heescht et vu katarescher Säit. An deem Fall misst d’Hamas fir all weideren Dag, op deem net gekämpft gëtt, 10 weider israeelesch Geisele fräiloossen.

Israel huet iwwerdeems eng Lëscht vun den 300 palästinensesche Prisonéier verëffentlecht, déi am Kader vum Ofkommes mat der Hamas fir e Gefaangenenaustausch a Fro kommen. Beim Gros vun hinnen (287) soll et sech ëm jonk Männer bis 18 Joer handelen, déi ënnert anerem wéinst dem Geheie vu Steng op israeelesch Zaldoten am Westjordanland an am Oste vu Jerusalem verhaft goufen. Bei 13 weidere Prisonéier soll et sech ëm Fraen handelen, déi wéinst Messerattacke verurteelt goufen.

Prisonéier, déi wéinst Mord inhaftéiert sinn, kommen israeelesche Medien no net fir eng Fräiloossung a Fro.

Back to Top
CIM LOGO