Iowa, e klenge Bauerestaat am mëttlere Weste vun den USA mat 3 Milliounen Awunner. Fir d’Kandidate kann eng Victoire hei eng Dynamik ausléisen, déi déi weider Virwalen an den anere Bundesstaate beaflosst.
Aktuellen Ëmfroen no huet den Ex-President Donald Trump déi bescht Chancen, fir d’Virwale fir sech z’entscheeden, dat am Iowa, a landeswäit. Divers Ukloen, ënner anerem wéinst Walbedruch, hu senger Popularitéit bei der Parteibasis net geschuet. Den Ament tranchéiert och dat iewescht Geriicht zu Washington, ob hien däerf an de Bundesstaate Maine a Colorado untrieden, wéinst senger Roll beim Stuerm op d’Kapitol 2021.
Dem Trump seng Haapt-Erausfuerderer bei de Republikaner sinn déi fréier US-Botschafterin vun der UNO an Ex-Gouverneurin vu South Carolina, d’Nikki Haley an den äerzkonservative Gouverneur vu Florida, de Ron DeSantis. Bis elo gëllen den Entrepreneur Vivek Ramaswamy an de fréiere Gouverneur vun Arkansas, den Asa Hutchinson als chancëlos.
Anescht wéi gewinnt fänken d’Demokraten dëst Joer hir Virwalen net am Iowa un, mee den 3. Februar a South Carolina. 2020 konnt den Joe Biden sech hei ouni Problem géint seng Géigekandidaten duerchsetzen.
Trotz éischter schlechten Zoustëmmungswäerter an der eegener Partei, gëllt den US-Präsident als demokratesche Kandidat fir d’US-Walen de 5. November schonn esou gutt ewéi gesat.