
Hien däerf weiderhin am Wäissen Haus wunnen a mam Regierungsfliger Air Force One fléien. Politesch huet hien allerdéngs just nach begrenzten Afloss.
D’Regierung kann allerdéngs weider Ausféierungsbestëmmunge fir aktuell Gesetzer änneren, dozou gehéiert z.B. d’Begrenzung vun der Vergab vu verschiddene Visaen oder méi labber Virschrëfte fir den Ëmweltschutz.
Den Donald Trump kann och weiderhi Féierungspositioune vun der Regierung nei besetzen, sou wéi hien et e Méindeg beim Verdeedegungsminister gemaach huet. En huet de Mark Esper erausgeheit an dofir de Christopher Miller agestallt.
Den Trump kéint dann och nach Begnodegungen ausschwätzen. Vun deem Recht hunn och fréier Presidente wéi de Barack Obama bis zu hirem leschten Dag als President Gebrauch gemaach.
Bis un d’Enn vu senger Amtszäit behält den Donald Trump och d’Muecht iwwert d’Arméi an op der internationaler Bün vertrëtt hie weider d’USA. Säi leschte groussen Optrëtt dierft hien a ronn 2 Woche beim G20-Sommet hunn, dee vu Saudi-Arabien organiséiert gëtt. Deen ass allerdéngs wéinst der Corona-Pandemie just virtuell, also online.
