
Dat ouni datt déi Frontalieren no 29 Deeg Teletravail mussen hir Steieren a Frankräich bezuelen.
“Wat krut Frankräich als Géigepartie?”, freet de Senateur vum Departement Meurthe et Moselle Olivier Jacquin um Mëttwoch an engem Communiqué.
De Sozialist freet sech iwwert den Akkord, mee hien ass der Meenung, datt et och eng steierlech Kompensatioun fir Frankräich hätt misste ginn. Mam aktuellen Akkord wier et esou, datt Frankräich am Fong Lëtzebuerg zeréck géing ginn. Den Olivier Jacquin erënnert un d’Grondreegele vun der internationaler Fiskalitéit, déi virgesäit, datt d’Aarbecht do besteiert gëtt, wou se gemaach gëtt. Donieft mécht de Senateur op de finanziellen Desequiliber opmierksam, deen et tëscht dem Grand-Duché a senge Grenzregioune gëtt.
En vue der nächster intergouvernementaler Konferenz am Hierscht wëll hien d’franséisch Regierung opruffen, ee kloer Kader festzeleeën, deen nohalteg an equitabel fir béid Länner wier.
