Protester an DemonstratiounenWéi eng Zukunft fir Belarus?

RTL Lëtzebuerg
Déi geopolitesch Komponent geet wäit iwwert d'Grenze vu Belarus eraus a suergt och a Russland an an der EU fir Diskussiounen.
Wéi eng Zukunft fir Belarus?
Déi geopolitesch Komponent geet wäit iwwert d’Grenze vu Belarus eraus a suergt och a Russland an an der EU fir Diskussiounen.

Wéi geet et weider a Wäissrussland? Wochelaang ware no de Wale vum 9. August, déi friddlech Protester vun den Demonstranten an déi brutal Äntwert vun den Autoritéiten a Belarus an de Noriichten. D’Situatioun huet sech bis ewell net entschäerft, am Géigendeel: déi geopolitesch Komponent geet wäit iwwert d’Grenze vu Belarus eraus a schléit Welle bis op Moskau engersäits an d’EU anerersäits.

An engem Büro zu Genève, bei der OMCT, der Organisation Mondiale Contre la Torture, lafen d’Fiedem zesummen. Hei gëtt den Dossier gestréckt, deen een da wëllt weiderreechen un d’Mënscherechtskommissioun vun der UNO, fir dass Minsk mat Sanktioune beluecht gëtt, wéinst presuméierte Verbriechen géint d’Mënschlechkeet. D’Affer sinn d’Manifestanten zu Minsk.

Et ginn iwwer 500 Fäll, wou mer d’Geschicht kennen. Vläicht vill méi, well et ass just d’Spëtzt vum Äisbierg. Ech mengen dat Wichtegst hei ass, dass d’Gewalt, déi mer zanter de Walen erliewen, systematesch, geplangt a bewosst Folter duerch de Staat ass. Mir schwätzen hei net vun der Ausnam, mä mir hu Beweiser, dass et organiséiert war. Eng Politik vu Gewalt, souzesoen.

Dauerhaft international Sanktioune géint Minsk wieren ee Bausteen fir de Lukashenko-Regime an d’Knéien ze zwéngen. De versprachenen annerhallef Milliarden-Dollar-Kredit vu Moskau ass just e Prêt an en hält net éiweg.

Och an deem Sënn sinn d’Protester ze gesinn, laangfristeg dierfte se de Regime net just Nerven, mä och Geld kaschten.

De Philippe Schockweiler ass ee Kand vun der Tschernobyl-Generatioun. Mat den europäesche jonke Gréngen hat e sech scho fréi ee Netzwierk vu Kontakter a Belarus opgebaut, déi en haut iwwer déi kryptéiert Telegram-App fleegt, iwwert déi och d’Oppositioun kommunizéiert an hir Protester koordinéiert. Hie konnt iwwert déi lescht Méint novollzéie wéi d’Beweegung un Dynamik gewonnen huet, net zulescht och duerch SARS-CoV-2.

Ech mengen, déi grouss Onzefriddenheet mam President a Wäissrussland zitt sech duerch déi ganz Gesellschaft, a si ass enorm. Si spillt um Enn vill méi eng grouss Roll wéi d’Protester selwer. D’Protester sinn e visuellt Signal un de Lukashenko: mir haassen dech nach ëmmer a mir froen dech nach ëmmer – friddlech! – denger Wee ze goen. Mä déi wierklech Menace fir d’Regierung ass de ganze Rescht, virun allem d’Aarbechter am Streik. All Dag kënnt ee Betrib dobäi, deen an de Streik geet. Dat gouf et nach ni a Belarus.

Déi permanent, wirtschaftlech Stagnatioun ass een anert Element, dat zu der aktueller Situatioun gefouert huet. Mä den interne, wäissrussesche Konflikt ass ewell laang e Politikum vun enger ganz anerer Dimensioun.

Op der anerer Säit verschleeft d’EU dacks ferm a noutwendeg Decisiounen, well sech, sou huet een d’Impressioun, dogéint gestrieft gëtt, Zesummenhäng ze gesinn an drop ze reagéieren.

Et war och keen Zoufall, dass bei der rezenter Heescherees op Sochi e Rendez-vous mam russesche Verdeedegungsminister Sergei Shoigu um Programm stoung. Militäresch plangt een offiziell zesummen e sougenannt “Slawesch Brudderschaftsmanöver”. A mat de Manifestante nach ëmmer op de Stroosse muss de gemeinsame Feind dobäi vläicht guer net esou imaginär ginn.

[commments]

Back to Top
CIM LOGO