Den designéierten President Biden huet d’USA virun engem haarde Wanter am Kampf géint d’Corona-Pandemie gewarnt.
Soubal hien den 20. Januar vereedegt wier, wéilt hien awer alles maachen, fir dem Virus Meeschter ze ginn.
Trotz positive Nouvellen bei der Sich no engem Vaccin, géif et nach Méint daueren bis en fir jiddereen disponibel wier, esou den Joe Biden, deen un d’Amerikaner appelléiert huet, Masken unzedoen.
Den Nach-President Donald Trump huet iwwerdeems säi Verdeedegungsminister Mark Esper entlooss. Dat Mandat soll elo de Christopher Miller iwwerhuelen, wéi den Trump iwwer Twitter matgedeelt huet. De Christopher Miller war bis ewell Direkter vum nationalen Antiterror Zentrum.
Iwwerdeems d’OSZE-Walobservateure kee Walbedruch festgestallt hunn, wëll den Donald Trump awer weiderhin juristesch géint d’Resultat virgoen.
Bis den Joe Biden definitiv vereedegt gëtt, ass also nach ee laange Wee.
