Enk CourseWéi hunn d'Fransousen an der Circonscription Benelux gewielt?

Maurice Fick
Wat sech schonn am éischten Tour ofgezeechent hat, huet sech an der zweeter Ronn e Sonndeg confirméiert: et war eng enk Course tëscht zwee Kandidaten.
© SERGE TENANI/Hans Lucas via AFP

Bei der Course ëm de Poste fir déi véiert Circonscription vu Fransousen am Ausland, an där nieft Lëtzebuerg och Fransousen an der Belsch an an Holland kënne wielen, hu sech e Sonndeg virop de Pieyre-Alexandre Anglade (Ensemble) an Cécilia Gondard (Nouveau Front Populaire) duelléiert.

Letztendlech war d’Victoire awer fir de Pieyre-Alexandre Anglade, dee mat 50,24 Prozent d’Nues vir hat, an domat d’Fransousen an de Benelux-Länner an der Assemblée Générale vertriede wäert. D’Cécilia Gondard koum mat 49,76 Prozent liicht hannendrun.

D’Fransousen zu Lëtzebuerg waren an hirer Decisioun e bësse méi kloer, wéi am Rescht vun der Benelux-Circonscriptioun. Wéi schonn am éischten Tour hat de Kandidat vum President Macron d’Nues kloer vir. De Pieyre-Alexandre Anglade krut zu Lëtzebuerg 68,68 Prozent (9.447 Stëmmen), wärend d’Cécilia Gondard vum NFP op just 31,32 Prozent (4.308 Stëmmen) koum.

Den Detail fannt Dir bei eise Kolleege vun RTL Infos.

Wéi gouf am Département Moselle a Meurthe-et-Moselle gewielt?

Den RN krut zwee Sëtz am Norde bäi. De Frédéric Weber koum am drëtte Walkrees (Briey, Villerupt, Mont-Saint-Martin, Longwy) op 53,64 Prozent vun de Stëmmen, d’Deputéiert Martine Etienne (NFP) op 46,36 Prozent.

Am sechste Walkrees (Pont-à-Mousson, Dieulouard, Conflans-en-Jarnisy, Nomeny) konnt sech den Anthony Boulogne mat 54,64 Prozent géint d’Deputéiert Caroline Fiat (NFP) duerchsetzen, déi 45,36 Prozent vun de Stëmme krut.

Zu Nancy haten d’sozialistesch Politiker d’Nues vir mam Estelle Mercier (63,95 %) an dem Stéphane Hablot (45,17%).

RN vir am Département Meuse an an de Vogesen

An dat ass eng Première. D’Florence Goulet hat an der 1. Ronn iwwerzeegt, am 2. Tour krut de Maxime Amblard mat 50,50 Prozent vun de Stëmmen deen anere Sëtz am Departement.

An och an de Vogesen krut den RN zwee Sëtz bäi, mam Gaëtan Dussausaye (52,77 %) a Sébastien Humbert (53,18 %). Déi zwee Deputéiert Sébastien Viry (LR, 58,73 %) a Christophe Naegelen (DVD, 64,67 %) behalen hir Sëtz mat engem gudde Virsprong op hir riets Konkurrenten.

Méi Detailer bei de Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO