Trump, Clinton a GatesWeider Fotoen aus der Sammlung vum Jeffrey Epstein verëffentlecht

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
An der Affär ëm de Sexualverbriecher Epstein hunn d'Demokrate weider Fotoe publizéiert. Op dräi Biller ass den aktuellen US-President Donald Trump ze gesinn, deels och zesumme mat ënnerschiddleche Fraen, déi net vill un haten.

Op enger schwaarz-wäiss-Foto steet den Trump nieft sechs Fraen oder Meedercher, déi Hawaii-Ketten unhunn an huet, wéi et ausgesäit, seng Hand ëm d’Taille vun enger jonker Fra geluecht.

Eng weider Foto weist den Trump nieft dem Epstein bei enger blonder Fra, déi häerzlech laacht. Op engem drëtte Bild sinn “Trump-Kondomer” ze gesinn. Op der rouder Verpackung ass e Bild vum President ze gesi mam Titel “I’m huuuuge”, also ech si riseg. Wou a wéini d’Opnamen enstane sinn, ass net genee gewosst, se kommen op alle Fall aus der privater Sammlung vum Jeffrey Epstein.

Nieft dem Donald Trump ass awer ënnert anerem och de fréiere President Bill Clinton ze gesinn. Op enger vun de Fotoen - déi souguer vum Bill Clinton ënnerschriwwe gouf - ass den Demokrat zesumme mam Epstein a senger Komplizin Ghislaine Maxwell ze gesinn, déi ënnert anerem wéinst sexueller Exploitatioun vu Mannerjäregen zu 20 Joer Prisong verurteelt gouf.

Och ze gesinn ass de britteschen Ex-Prënz Andrew, deem wéinst senger Relatioun zum Epstein vu sengem Brudder, dem Kinnek Charles III., Enn Oktober all royal Titelen an Éieren entzu goufen. Weider Opname weisen dem Trump säi fréiere Beroder Steve Bannon, de Regisseur Woody Allen an de Microsoft-Grënner Bill Gates.

Op der Plattform X hunn d’Demokraten erkläert, datt si am Ganze 95.000 Fotoen aus dem Epstein senger Sammlung kruten. “Dës verstéierend Biller geheien nach méi Froen zum Epstein a senge Bezéiungen zu verschiddene vun de mächtegste Männer op der Welt op.” Et wier “Zäit, d’Vertuschung duerch dat Wäisst Haus ze stoppen”, heescht et weider. “Gitt Akte fräi.”

Den Donald Trump sot zu Reporter, datt hien d’Fotoen net gesinn hätt, ma d’Publikatioun dovun och “keng grouss Saach” wier. Jiddereen hätt den Epstein kannt, et géingen Honnerte Leit ginn, déi Fotoe mat him hätten. Dat Wäisst Haus reprochéiert den Demokraten, op en Neits iergendeng Fotoe publizéiert ze hunn, “fir eng falsch Erzielung ze konstruéieren”. Dat obwuel héichrangeg Demokraten den Epstein ëm Suen an Treffe gefrot hätten, nodeems et schonn Ermëttlunge géint hie gouf. E Spriecher vun de Republikaner huet den Demokraten iwwerdeem virgeheit, geziilt Fotoen erausgesicht ze hunn, op deenen den Trump schlecht duergestallt gëtt. Ob d’Fotoen echt wieren, kéint dem Republikaner no net iwwerpréift ginn.

Den Donald Trump hat jo zougestëmmt, datt d’Epstein-Akte solle publizéiert ginn. Just Akten zu aktuellen Ermëttlungen oder Akten, déi déi national Sécherheet a Gefor brénge kéinten, goufen net publizéiert. Experte rechnen domat, datt sëllege Plaze virun der Publikatioun geschwäerzt kéinte ginn.

Back to Top
CIM LOGO