Dräi Lëtzebuerger mat dobäiWeider Schëffer vun der "Global Sumud Flotilla" a Richtung Gaza opgebrach

RTL Lëtzebuerg
Eng 50 Booter probéieren iwwert de Séiwee Hëllefsgidder an d'Gazasträif ze bréngen.
Et ass net den éischte Versuch, vun der "Global Sumud Flotilla", fir déi israeelesch Blockade vun der Gazasträif ze duerchbriechen.
© AFP

Vu Sizilien aus sinn op en neits pro-palästinensesch Aktiviste mat enger Partie Schëffer a Richtung Gazasträif gestart. Déi sougenannt "Global Sumud Flotilla"-Missioun besteet aus méi wéi 50 Booter, op deenen Hëllefsgidder fir d'Enklav sinn.

Offiziell wëll een déi israeelesch Séiblockad duerchbriechen an en humanitäre Couloir am ëstleche Mëttelmier schafen. Israel huet awer scho wëssen gedoen, dass een dat net wäert zouloossen. Bei der Missioun derbäi sinn och dräi Lëtzebuerger.

Back to Top
CIM LOGO