
No der Brandkatastroph an der Silvesternuecht zu Crans Montana an der Schwäiz ass elo ee weidert Affer u senge Blessure gestuerwen.
Domat klëmmt de Bilan un Doudegen op 41. Wéi Schwäizer Medien haut schreiwen géing et sech em een 18 Joer ale Schwäizer handelen. Hie wier an engem Spidol zu Zürech gestuerwen.