Tëschefall um Fluchhafen TegelWéinst enger handgräiflecher Attack goufe Corona-Tester ofgebrach

RTL Lëtzebuerg
D'Corona-Test-Statioun um Berliner Fluchhafen huet e Sonndeg wéinst engem Tëschefall fréizäiteg missten zoumaachen.

Wéi op ville Fluchhäfen am Moment, goufen och e Sonndeg um Berliner Fluchhafen Tegel Persounen, déi vun hirer Rees aus engem Risikoland zeréckkommen, op der Test-Statioun getest. Ma hei ass e Sträit tëscht engem Reesenden an engem Mataarbechter vun der Test-Statioun eskaléiert.

Wéi et säitens de Charité heescht, gouf et e kierperlechen Ugrëff op e Mataarbechter, wouduerch d’Test-Statioun um Sonndeg éischter misst zougemaach ginn.

Kuerz virdru krut eng Persoun de Corona-Test refuséiert, dat well dës keen Usproch op e gratis Test hat. 3 Stonnen éischter, also um 18 Auer e Sonndeg huet d’Statioun wéinst der eskaléierter Situatioun missten zoumaachen.

E Méindeg dierft d’Test-Statioun um Fluchhafen Tegel awer nees wéi gewinnt seng Dieren op hunn.

Back to Top
CIM LOGO