OECDWeltwirtschaft soll bis zu 7,6 Prozent abriechen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Pandemie geet d'Organisatioun fir Wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung vun engem Abroch vu bis zu 7,6 Prozent aus.

D’OECD schwätzt e Mëttwoch vun der “schwéierster Gesondheets- a Wirtschaftskris zanter dem Zweete Weltkrich” a rechent fir hir Etüd 2 Zenarien duerch: entweder bleift d’Ausbreedung vum Coronavirus “ënner Kontroll” oder et kënnt zu enger zweeter Infektiounswell. Bei enger kontrolléierbarer Ausbreedung dierft d’Weltwirtschaft an dësem Joer ëm 6 Prozent zeréckgoen, am schlëmmste Fall esouguer 7,6 Prozent. Fir dat nächst Joer erwaarden d’Ekonomen eng méi oder manner däitlech Erhuelung.

Besonnesch staark getraff ass d’Eurozon: beschtefalls dierft der OECD no d’Wirtschaft ëm 9,1 Prozent abriechen, am schlëmmste Fall wieren et 11,5 Prozent. Virun allem Spuenien, Frankräich, Italien a Groussbritannien wäerten d’Kris staark ze spiere kréien, sou nach d’Organisatioun.

Back to Top
CIM LOGO