
Mam Jordan Bardella kéinte si de Premier stellen. Wéi funktionéiert dee Vott a wat ass dobäi wichteg. D’RTL-Journalistin Michèle Sinner war live am Radio-Studio fir Explikatiounen ze ginn.
Michèle: “Gudden Owend Maxime. Maache mer vläicht als éischt e klénge Rappell vum éischten Tour. Vun de 577 Deputéierte goufen der am éischten Tour 76 direkt gewielt. Si kruten also iwwer 50 Prozent vun de Stëmmen an op mannst e Véierel vun den ageschriwwe Wieler an hirem Bezierk hannert sech. Vun deene Sëtz goungen der 37 un de rietsextreme Rassemblement national an 32 un déi nei Lénksfront, zu deenen d’Sozialisten, d’Ecologisten an och d’extrême gauche vu La France insoumise gehéieren.”
Maxime: “Et bleiwen also nach d’Sëtzer vu 501 Bezierker ze verdeelen. Fir wie kann een dann do am zweeten Tour wielen?”
Michèle: “Ma fir déi Kandidaten, déi sech am éischten Tour qualifizéiert hunn, déi also 12,5 Prozent vun de ageschriwwenen Wieler hannert sech haten.”
Maxime: “Dat sinn der also net ëmmer d’nämmlecht vill an alle Bezierker?”
Michèle: “Nee, heiansdo sinn et der just zwee. Da gëtt e Sonndeg en Duell. Ma et sinn der och alt dräi oder véier, déi weiderkomm sinn. Da schwätzt ee vun Triangulairen oder Quadrangulairen. Huele mer d’Beispill vun Thionville: Do si sechs Kandidaten a Kandidatinnen ugetrueden e leschte Sonndeg. Dräi vun hinnen, de Baptiste Philippo vum RN, d’Isabelle Rauch vun Horizons-Ensemble an d’Brigitte Vaîsse vun de Sozialisten koumen do op ronn 38 respektiv 35 an 23 Prozent. Si hu sech qualifizéiert.”
Maxime: “Zu Thionville gëtt et also e Sonndeg am zweeten Tour eng Triangulaire?!”
Mich: “Am Prinzip, jo. Mä d’Brigitte Vaîsse huet sech decidéiert an trëtt net méi un.”
Maxime: “Firwat?”
Mich: “Ma wéinst dem Barrage géint d’Extrême-droite. Oder dem ‘Arc républicain’, wéi och nach gesot gëtt, deen d’Parteie vum Zentrum bis no ganz Lénks wëlle géint d’Extrême-droite spanen, fir ze verhënneren, datt si d’Regierung stellt. De neie Lénksblock huet kloer gesot, wann den RN d’Nues vir huet a si op drëtter Plaz kommen, zéien si sech zeréck. Zu Thionville verzicht also d’Brigitee Vaîsse op hir Kandidatur, fir der Isabelle Rauch an der Course géint de Baptiste Philippo keng Stëmmen ewechzehuelen, hier Wieler sollen also d’Isabelle Rauch wielen.”
Maxime: “Hunn dann all d’Parteien do kloer Consignen ginn un hir Kandidaten a Wieler? “
Mich: “Les Républicains, dat war fréier d’UMP ënner de Presidente Jacques Chirac an Nicolas Sarkozy, déi ginn néierens eng Consigne fir ze wielen, wou si net am zweeten Tour sinn. Mä lauschtere mer och emol de, Nach-Premier a Macroniste Gabriel Attal gëscht Owend op TF1, wou hie gefrot gouf, ob ee sech ëmmer en Faveur vun de Kandidaten vum lénke Block, also och deene vu La France insoumise, géif zréckzéien.”
Maxime: “Si wëllen also net ëmmer Plaz fir La France insoumise maachen.”
Mich: “Nee. Bon, den Delai fir d’Kandidaten, ob se untrieden oder net, war bis um 18 Auer. Dofir si meng Donnéeën net ganz aktuell. Mä wéi ech elo am Nomëtte gekuckt hunn, ass de Lénksblock néierens ugetrueden, wou si déi Drëtt an den RN déi Éischt gi waren. A si ware just en engem Grapp voll Triangulairen am Rennen, wou den RN virun hinnen op déi zweet Plaz komm war. Ëmgedréint hu sech awer Macronisten a moderéiert Rietser aus zéng Bezierker net zréckgezunn, wou den RN d’Nues vir hat a si déi Drëtt goufen an a ronn 15 Bezierker, wou den RN virun hinnen op zweeter Plaz war. An dat riskéiert denken ech, déck Diskussiounen ze ginn, deemno wéi et e Sonnden aus geet a wéi knapps.”