Angela MerkelWuel keng gréisser Manifestatioune bis op d'mannst Enn Februar

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland rechent d’Kanzlerin Merkel domadder, dass sech d’Covid-Situatioun an den nächsten 4 Méint net wesentlech wäert verbesseren.

Et stéinge ganz schwéier Méint bevir, sot d’CDU-Politikerin verschiddenen däitsche Medien no, an enger Viso-Konferenz mat de Fraktiounscheffen vun hirer Partei aus de Bundeslänner.

Op d’mannst bis Enn Februar wäerte keng gréisser Manifestatiounen méiglech sinn, sou d’Aschätzung am Kanzleramt.

Wéi och bei eis, klammen d’Infektiounszuele bei eisen Noperen zanter enger gudder Woch nees deels massiv. Um Méindeg de Moie goufen d’Zuele vum Sonndeg matgedeelt, an do sinn et weider 8.685 Neiinfektiounen a 24 Doudesfäll.

Back to Top
CIM LOGO