
Wann d’Vakanzenzäit bis eriwwer wier, géif sech d’Teststrategie erëm änneren, huet de Jens Spahn präziséiert. Da géife just nach gezillt Persoune mat Symptomer a Leit déi mat Infizéierten a Kontakt ware getest ginn. Donieft géifen och geziilt Tester beim Fleegepersonal gemaach ginn.
Donieft huet den däitsche Gesondheetsminister annoncéiert, datt verstäerkt Kontrolle bei der Quarantän vu Leit, déi aus Risikogebidder zeréck kommen, gemaach ginn.
Sou Tester wiere keng Propos, mä eng staatlech Flicht, huet de Spahn ënnerstrach.
D’Reegelung gesäit eng 14 Deeg laang Quarantän fir Leit déi aus engem Risikogebitt zeréck an Däitschland komme vir. Dës ka fréistens no 5 Deeg duerch en negative Corona-Test op en Enn bruecht ginn. Dës sollen dann och verstäerkt kontrolléiert ginn. Als Mesure dofir hätt d’Bundeskabinett eng verstäerkt Digitaliséierung decidéiert.
