
Weider heescht et vum Parquet, dass eng Enquête an d’Weeër geleet gouf. Den Anti-Terror-Parquet wier den Ament nach net an dës agebonnen.
D’Aussoe vum Ugräifer an d’Auswäertung vu sengem Handy hätten erginn, dass dësen et mat senger Attack explizitt op franséisch Staatsbierger ofgesinn hat. Hien hat scho virun der Attack iwwer d’Social-Media-App Tiktok géint Frankräich agitéiert am d’Land wéinst senger kolonialer Vergaangenheet a sengem Militärasaz am Sahel kritiséiert. Am Dezember zejoert hat hien an engem Post ugekënnegt, dass Allah hien an 3 Méint am Paradäis géif wëllkomm heeschen.
De Mann war no der Dot e Samschdeg als éischt an eng psychiatresch Klinik agewise ginn. Eng Untersuchung hätt allerdéngs erginn, dass hie voll scholdfäeg wier, sou de Parquet.