
Der Police no war de Virfall géint 12.30 Auer an der Cours Napoléon zu Ajaccio. D’Beamte goufen alarméiert, well e Mann Geschäftsleit a Passante mat engem Messer menacéiert hat. Wéi d’Beamten op der Plaz agetraff sinn, wollte si hie mat engem Elektroschocker stoppen, wat awer keng Wierkung hat. Dono hätt ee vun de Polizisten e puer Mol mat der normaler Déngschtwaff op de Mann geschoss, deen u senge Blessure gestuerwen ass. De Parquet confirméiert, datt de Mann op d’mannst eng Kéier vun enger Kugel getraff gouf a präziséiert, datt keng weider Leit zu Schued komm sinn. D’IGPN, also d’Police vun der Police, huet d’Ermëttlungen opgeholl.
Op Videoen an de Soziale Medien ass e gesinn, wéi de Mann sech séier op d’Beamten zoubeweegt. Et héiert een och ee Polizist “Taser, le taser” ruffen an dono “tase-le!”.
D’Cours Napoléon ass e vill besichten Deel am Zentrum vun Ajaccio. Wéi eng Journalistin vun der AFP op d’Plaz koum, louch de Kierper vum Mann an der Mëtt vun der Strooss, mat engem Duch zougedeckt. D’Spueresécherung vun der Police war zu deem Ament schonn am Asaz.
Den Autoritéiten no handelt et sech ëm e 26 Joer ale Belsch mat senegaleeseschen Originnen. Eng terroristesch Pist soll souwäit ausgeschloss ginn.