
Den 69 Joer ale Mann huet der Police elo gestallt. An der Ëffentlechkeet waren no Zeie gesicht ginn. Éischten Informatiounen no soll et keng Indice op enge méiglech Corona-Infektioun ginn.
De Mann soll déi lescht Woch, wéi d’Erzéierinne mat e puer klenge Kanner an enger Kannerkutsch ënnerwee waren, si fir d’éischt héiflech laanscht gelooss hunn, ier hien op eemol virun d’Kutsch gesprongen ass an express a Richtung vun der Erzéierin an de Kanner gehouscht huet.
Et gouf eng Enquête wéinst versichte Kierperverletzung opgemaach.
